Am LokalenAccident tëscht Auto a Cyclist zu Esch, Hausbrand zu Schëffleng

RTL Lëtzebuerg
Wéi aus dem 112-Bulletin ervirgeet, gouf et en Donneschdeg de Moie géint 8.30 Auer e Verkéiersaccident zu Esch.
© RTL Archivbild

En Automobilist an e Cyclist krute sech do ze paken. Eng Persoun gouf blesséiert, méi Detailer sinn net gewosst.

Kuerz no 10 Auer huet et zu Schëffleng an engem Haus gebrannt. Wéi aus dem Bericht vum CGDIS ervirgeet, waren d’Pompjeeë vun Esch a Schëffleng op der Plaz.

En Donneschdeg am Nomëtteg géing 15.18 Auer koum et op der A13 op der Héicht Éilereng zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Camion. Eng Persoun gouf heibäi blesséiert a vun der Rettungsdéngschter vun Esch a Suessem-Déifferdeng versuergt.

Back to Top
CIM LOGO