
Wéi et vun eisem Reporter heescht, erënnert d’Police an deem Kontext drun, datt d’Stroosse moies duerch de Reen a besonnesch Strecke laanscht Felder rutscheg kënne sinn.
Nieft dem CIS Biissen waren och Ambulanze vu Lëntgen an aus der Nordstad op der Plaz. De CGDIS mellt an hirem Bulletin dann och zwee Blesséierter.
E Freideg de Moie géint 7 Auer koum et tëscht Siren an Duelem zu engem Accident, bei deem eng Persoun verwonnt gouf. D’Pompjeeë vun Duelem an d’Ambulanz vu Réimech waren op der Plaz.
Géint 9.20 Auer huet et op der A1 tëscht dem Tunnel Houwald an de Iergäertche gerabbelt. Hei waren zwee Autoen involvéiert. D’Rettungsdéngschter aus der Stad waren op der Plaz an hu sech ëm 1 Blesséierte gekëmmert.