
Zwee Autoen an zwee Camione waren RTL Informatiounen no an den Accident verwéckelt. Et goung just lues laanscht.
De CGDIS mellt um Samschdeg den Owend dann nach dräi aner Accidenter, mat am Ganze véier Blesséierter. Zu Habscht war de Samu géint 12.30 Auer am Asaz, nodeems en Auto vun der Fuerbunn ofkoum an géint ee Bam gerannt ass. Eng Persoun gouf blesséiert.
Zu Scheedel ass géint 13 Auer ee Motorradschauffer gefall a gouf dobäi blesséiert. Eng Ambulanz aus der Nordstad war op der Plaz. Zu Péiteng koum et da géint 14 Auer zu engem Accident tëscht zwee Autoen, bei deem zwou Persoune blesséiert goufen.
Bei engem Feier zu Esch gouf géint 13 Auer ausserdeem nach eng Persoun blesséiert.Och hei war ënnert anerem de Samu am Asaz.