Bei der CNS an der StadAccident tëscht Cyclist an Automobilist, Police sicht Zeien

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moie koum et géint 11.15 Auer an der Escher Strooss an der Stad, bei der Ausfaart vun der CNS, zu engem Accident tëscht Vëlo an Auto.
© RTL Archiv

E Chauffeur an engem sëlweren Audi, deen aus der Richtung vum Salzhaff koum, wollt no lénks op de Parking vun der CNS fueren, nodeems en aneren Auto aus der entgéintgesater Richtung him d'Virfaart iwwerlooss huet.

E Vëlosfuerer, deen dëst allerdéngs net bemierkt huet, ass dunn mam éischten Auto kollidéiert. De Cyclist gouf géint en 3. Won geschleidert, deen zu deem Moment de Parking verloosse wollt. De Vëlosfuerer koum doropshi mat der Ambulanz an den CHL.

An deem Zesummenhang gëtt den Automobilist gesicht, deen dem sëlweren Audi d'Virfaart iwwerlooss huet. Och aner Zeie solle sech bei der Stater Police um 244 40 1000 mellen, resp. iwwer Mail op d'Adress Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO