
E Camion an zwee Autoe waren an den Accident verwéckelt. Duerch den Accident war eng Spuer blockéiert, gouf awer vu Ponts et Chaussées ofgeséchert. Um 14.56 Auer koum vum CITA d’Entwarnung, dass d’Gefierer op der Pannespuer géife stoen a béid Spueren nees fir den Trafic op wieren.
Kuerz duerno, um 15.20 Auer ass dann nach an der Iechternacher Strooss zu Waasserbëlleg eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn.