Am LokalenAccident tëscht Moto an Auto, zwee Mol hat et gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et e Freideg den Owend kuerz virun 18 Auer zu engem Accident um CR335.
© RTL Archivbild

Tëscht der Rossmillen an der Hollermillen hate sech e Motocyclist an en Auto ze pake kritt. Eng Persoun gouf verwonnt. Am Asaz waren d’Rettungsekippe vu Wäiswampech, Ëlwen an d’Air Rescue.

Gebrannt hat et iwwerdeems méi spéit um Freidegowend op zwou Plazen am Land. Zu Wolz stoung Offall a Flamen an zu Munneref war et eng Poubelle. A béide Fäll ass kengem eppes geschitt.

Accident och an de fréie Moiesstonnen

Een Auto war involvéiert an eng Persoun ass dobäi blesséiert ginn. Den Accident war géint 5.40 Auer tëscht Bierden a Buerschent. Eng Ambulanz aus der Nordstad an d’Pompjeeën vun Angelduerf waren op der Plaz, méi ass net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO