
3 Persoune goufen heibäi verwonnt. D’Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng waren op d’Plaz geruff ginn, grad ewéi zwou Ambulanze vun Esch.
Wéi d’Police um Samschdeg de Moie schreift, war den Accident kuerz virum Rond-point an der Rue d’Esch zu Éilereng. Ee vun de Chaufferen hat ze vill gedronk a krut nach op der Plaz de Fürerschäin ofgeholl.
E Samschdeg de Moie géint 8 Auer ass zu Monnerech an der Éilerenger Strooss en Automobilist mat sengem Gefier bäigaangen. Eng Persoun gouf verwonnt.
Géint 9.25 Auer e Samschdeg ass zu Mäertert an der Rue Basse e Cyclist ugestouss ginn. Rieds ass vun engem Blesséierten.