Am LokalenAccident zu Gonnereng - Motocyclist schwéier Blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Wéi aus dem 112-Bulletin ervirgeet, huet et am Ganzen dräi Mol op eise Stroosse gerabbelt. E Sonndeg gouf och ee Motocyclist schwéier blesséiert.
© RTL Archivbild

Wéi d’Police an hirem Bulletin e Méindeg de Moie matdeelen, gouf e Sonndeg géint 11.10 Auer eng Persoun an engem Motorradsaccident méi schro blesséiert. Um CR129 zu Gonnereng hat ee Motocyclist éischten Informatiounen no bei engem Iwwerhuelmanöver d’Kontroll iwwert seng Maschinn verluer. Hien ass gefall a gouf dobäi schwéier blesséiert. No enger éischter Behandlung op der Plaz gouf hien an d’Spidol bruecht.

De CGDIS mellt eng Rei Asätz e Sonndeg den Owend an an der Nuecht

Bei engem Accident op der Collectrice a Richtung Péiteng gouf eng Persoun verwonnt. Dat war kuerz viru 17.30 Auer e Sonndeg den Owend.

Eng weider Persoun gouf blesséiert, wéi eng Friteuse Feier gefaangen hat. Dat war géint 20.15 Auer an der Rue Emmanuel Servais zu Miersch.

Tëscht Nidderfeelen a Waarken ass géint 22.20 Auer nach en Auto am Gruef gelant, hei gouf kee verwonnt.

A kuerz virun 00.30 Auer an der Nuecht op e Méindeg ass an der Rue du Rham zu Rammeldang en Auto an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf hei blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO