
Den Automobilist huet d’Kontroll iwwert säi Won verluer an ass um Bord vun der Strooss an 2 Beem gerannt. Kuerz drop ass de Won matten an der Strooss zum Stoe komm. Den Auto selwer hat en Totalschued, de Mann gouf säitens de Rettungsdéngschter op der Plaz behandelt. Den Alkoholtest ,deen an esou Fäll meeschtens direkt gemaach gëtt, ass dann och positiv ausgefall. De Permis gouf agezunn.
Kuerz viru Mëtternuecht huet eng Patrull vun der Police dann nach en Automobilist zu Hollerech kontrolléiert. Och hei gouf festgestallt, dass de Chauffer wuel offensichtlech ze vill gedronk hat. Dëst huet och den Alkoholtest confirméiert. De Permis gouf agezunn, de Chauffer gouf protokolléiert.