
De CGDIS mellt hei ee Blesséierten. Weider Informatioune feelen den Ament nach.

Géint 6 Auer en Dënschdeg de Moie gouf et en Accident um CR345 tëscht Mäerzeg an Uewerfeelen. Hei ass en Auto op d’Kopp gaangen, eng Persoun ass verwonnt ginn. De Samu war op der Plaz.
Zu Bieles an der Route d’Esch sinn iwwerdeems zwee Gefierer kollidéiert. Zwou Persoune goufe blesséiert, sou de CGDIS.
Géint 13.20 Auer krute sech dann op der N4 tëscht Leideleng an der Cloche d’or zwee Autoen ze paken. Eng Persoun gouf hei blesséiert.