
En Donneschdeg krut de CGDIS zwee verschidden Accidenter gemellt. An der Mëttesstonn kuerz no 12 Auer gouf an der Avenue Gaston Diderich um Belair eng Persoun ugestouss. D'Ambulanz an d'Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz, fir dem Blesséierten ze hëllefen.
Méi spéit am Mëtteg géint 15:30 Auer krute sech dann um CR348 tëscht Waarken a Bierden zwee Autoen ze paken. Dobäi gouf eng Persoun verwonnt. D'Ambulanz an d'Pompjeeë vun der Nordstaf waren am Asaz.
Da gouf et nach een Tëschefall um CR165 tëscht Keel an Näerzeng, wou d'Bremse vun engem Trakter iwwerhëtzt waren. Wéi am ACL Trafic-Info ze liesen ass, haten doduerch d'Stréibotten um Trakter Feier gefaangen an d'Strooss gouf dann och gespaart. Dem Chauffer vum Trakter ass näischt geschitt.