ONGe maachen Drock op Staat a GemengenLogement sollt als Mënscherecht behandelt ginn

Chris Meisch
Zu Lëtzebuerg gëtt et fir ëmmer méi Leit schwéier eng Wunneng ze fannen. Dat spigelt sech och am rezente Politmonitor erëm: Fir 70 Prozent vun de Befrote gehéiert de Logement zu de gréisste Suergen.
© RTL Archiv

30 ONGen a Privatpersoune schwätze vun enger "Permakris" an hunn en Donneschdeg eng gemeinsam Deklaratioun presentéiert, an där gefuerdert gëtt, datt de Logement als Mënscherecht behandelt gëtt an d'Regierung endlech konkret Mesuren hëlt.

Logement sollt als Mënscherecht behandelt ginn / Reportage Chris Meisch

D'Wunnengskris geet wäit iwwer de Manktem vu bezuelbare Wunnraum eraus. Fir d'Initiateure ëm Amnesty Lëtzebuerg ass de Logement e fundamentaalt Mënscherecht, d'Esmeralda Wirtz:

"Nous, ce qu’on dit toujours en tant qu'Amnesty International, c’est que tous les droits humains sont connectés, donc quand il y en a un qui est affecté, comme par exemple le droit au logement, il se peut très fort que beaucoup, voire tous les droits humains, vont être affectés. Notamment le droit à la santé : si on est, par exemple, dans un logement insalubre, dans un logement où il y a des moisissures, ça va affecter notre santé. Ça peut être aussi le droit à l’éducation : si on n’a pas une vie décente, dans un logement décent, on peut tomber plus malade et on ne va pas pouvoir aller à l’école. Tous les droits humains sont connectés, et le droit au logement va affecter énormément tous les autres droits."

Genee dowéinst schwätzen déi iwwer 30 ONGen a Privatleit net méi nëmme vun enger Wunnengskris, mee vun enger "Permakris", also enger Situatioun, déi sech iwwer Jore verfestegt huet an ëmmer méi schlëmm gëtt. Dat géif sech antëscht net méi nëmmen op Leit mat niddrege Revenuen auswierken, sou de fréiere Politiker vun déi Lénk a Member vun der Associatioun "Solidaritéit mat den Heescherten", de Guy Foetz, mee och ëmmer méi Jonker an Deeler vun der Mëttelschicht treffen.

“Dat huet och elo lues a lues wirtschaftlech grav Konsequenzen, well Leit hei zu Lëtzebuerg net méi wunne bleiwen oder erëm fort ginn, well si hei eng onméiglech Wunnsituatioun virfannen. Och Jonken, Studenten an esou virun, déi net heihinner kommen, well alles ze deier ass. Mir stellen och fest, dass et bis zu 18 Expulsioune pro Mount gëtt. Wou ginn déi Leit hin? Logement d’urgence gëtt et ganz wéineg an d’Gemenge sinn net drun intresséiert, eppes an déi Richtung ze maachen.”

Fir d'Situatioun nohalteg ze verbesseren, misst de Logement als Grondrecht an net als reng Investitioun ugesi ginn.

"Ça, c’est un problème qu’on propose de résoudre par l’utilisation, notamment, des terrains communaux pour construire des logements, l’investissement massif dans des logements sociaux et abordables, et aussi trouver une solution pour que les terrains constructibles qui existent actuellement, qui sont victimes de la spéculation de la part des personnes qui les possèdent, soient utilisés pour effectivement construire des logements."

Nieft dem Staat gesinn d'Initiateuren awer och bei de Gemengen nach vill Potenzial. Si fuerderen, datt dës hir Méiglechkeete besser notzen, fir bezuelbare Wunnraum ze schafen, esou nach den Guy Foetz.

“A mir mengen, dass do gesetzlech méi misst gereegelt ginn, dass d’Gemengen een Deel vun hiren Terraine missten agesat gi fir soziale Mietwunnengsbau. Ech huelen d’Beispill vun der Stad Lëtzebuerg, déi iwwer 110 ha Bauland, d’Stad Lëtzebuerg huet 1200 Millioune Reserven an Excedent budgetaire a si kéint dat asetzen, well si kritt jo 75%, wa si soziale Wunnengsbau mécht, zréckbezuelt.”

Donieft sollen eidel Wunnengen taxéiert, d'Spekulatioun mat Terrainen an Immobilie besser limitéiert an d'Locatairë méi protegéiert ginn. D'ONGe kritiséieren och déi wéineg Donnéeën, déi et géif. Fir eng efficace Politik ze man, misst ënner anerem besser erfaasst ginn, wéi vill Wunnengen eidel stinn a wéi grouss de reelle Besoin u bezuelbarem Logement tatsächlech ass.

Mat hirer Deklaratioun wëllen d'Initiateuren elo den Drock op d'Politik erhéijen, fir datt d'Wunnengskris endlech als Prioritéit behandelt gëtt an déi proposéiert Mesuren net nëmmen ugekënnegt, mee och séier ëmgesat ginn.

Back to Top
CIM LOGO