
Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot hat d’Motioun am Kader vun enger Interpellatioun an d’Chamber bruecht, bei där driwwer diskutéiert gouf, wéi ee Leit kéint unzéien, fir op Lëtzebuerg schaffen ze kommen an och motivéieren hei ze bleiwen. Mat esou engem Indicateur kéinte gesellschaftlech relevant Beruffer geziilt gefërdert ginn, esou de Franz Fayot.
"Mir lackelen Héichverdénger, meeschtens fir d'Finanzplaz, mat steierleche Virdeeler, mee bidden deenen, déi mer wierklech brauchen, näischt dësgläichen, ausser vereinfacht Prozedure fir Métiers très en pénurie. Dofir proposéiere mer e System ze entwéckelen, fir esou Beruffer a Kompetenzen ze identifizéieren, fir datt mer se och geziilt fërdere kënnen, en Indicateur also, fir gesellschaftlech an ekologesch d'Valeur vu Beruffer a Kompetenzen ze determinéieren, net als Ersatz fir déi klassesch Indicateure vun de Métiers très en pénurie zum Beispill, mee als Ergänzung."
Bei der Debatt an der Chamber hunn eng Partie Oppositiounspolitiker d'steierlech Incentive fir verschidden héich spezialiséiert Profiller kritiséiert. Weidert Thema war de Logement, wéinst deem ëmmer méi Leit net wéilten zu Lëtzebuerg bleiwen, an d'Mobilitéit. Den DP-Deputéierten André Bauler sot am Zesummenhang mam Problem vun den héije Wunnengspräisser, dass och d’Entreprisë kéinte Wunnenge fir hir Mataarbechter zu Verfügung stellen.
Eng Partie Deputéiert hunn dorop higewisen, dass et wichteg wier Formatiounen unzebidde fir Leit, déi schonn zu Lëtzebuerg sinn. Fir déi gréng misst dorop e besonnesche Fokus op déi nohalteg Transitioun geluecht ginn. Den LSAP-Deputéierte Georges Engel huet drop higewisen, datt Flüchtlingen och Qualifikatiounen an Aarbechtserfarung hätten, awer nach vill Hürden, fir sech um Aarbechtsliewen ze bedeelegen.
Fir d’ADR dierften net just auslännesch Talenter duerch steierlech Avantagen ugezu ginn, Lëtzebuerger déi am Ausland schaffe missten och erëm ugezu ginn iwwert eng “Komm zréck an deng Heemecht” Primm. Den ADR-Deputéierten Tom Weidig huet a senger Ried vun “onkontrolléiertem Wuesstem” a “Massenimmigratioun” geschwat, déi a sengen Aen de Grond dofir wieren, datt et elo op ville Plazen u Personal géing feelen.
Déi gréng Deputéiert Joelle Welfring sot, si wier net iwwerrascht iwwert d’Aussoe vun hirem Virriedner Tom Weidig: "Wou ech deen Enoncé vun där Interpellatioun gelies hunn, hunn ech mer geduecht, dass Leit mat esou enger mënschefeindlecher Ideologie dës als Invitatioun géifen hei liesen, fir hei hir kromm Weltuschauung hei zum Beschten ze ginn."