
Op de Probleem hat de Parquet général schonn higewisen, nach ier d’Enquête an dëser Affär iwwerhaapt ugefaangen hat. An dat a sengem Avis zur Refonte vun der Ju-Cha Datebank, mat där och d’Méiglechkeet sollt agefouert ginn, datt de Procureur souwuel ëffentlech wéi privat Employeure kéint informéieren, iwwert Strofdoten oder Delikter vun hire Mataarbechter.
De Conseil d’état hat den initialen Text vun der deemoleger Justizministesch Sam Tanson awer als ze vast refuséiert. Doropshi gouf eng prezis Lëscht vun Infraktiounen an den Text opgeholl. De Procureur kéint deemno just informéieren, wann et ëm Mord, Pedophilie oder änlech schwéier Infraktioune géing goen. Dorospshin huet de Parquet général am Januar 2023, also wuelverstanen e puer Méint, ier d’Enquête an der aktueller Immigratiounsaffär opgoung, geschriwwen. "Limiter le droit de communication du ministère public à une liste d’infractions va à l’encontre du bon sens et n’est pas justifiable."
A weider : "Ainsi, lorsqu’un fonctionnaire se rend coupable d’escroquerie, d’abus de confiance, de vol, de détournement de fonds publics, de corruption, de faux en écritures, de faux-monnayage, d’incitation à la haine etc, le ministère public n’aurait-il pas le droit d’en informer le ministère compétent de suite afin d’engager des poursuites disciplinaires et de prévenir un trouble à l’ordre public ?"
Dat géif och dozou féieren, hat de Parquet général deemools gewarnt, datt Fonctionnaire just nach kéinte vum Déngscht suspendéiert ginn, wa se eng komme loossen, déi explizitt op der Lëscht steet, well iwwert Poursuitten an anere Fäll net däerfen informéieren. Ma do steet Korruptioun justement net drop.
Den Text vum Gesetz gouf doropshin nees geännert, mee de Conseil d’état hat eng zweete Kéier Opposition formelle gemaach. D’Chamber huet sech gebeugt. An der Versioun vum Gesetz, déi eréischt zanter e puer Woche gestëmmt an a Kraaft ass, ass also nees eng Lëscht dran, déi d’Méiglechkeet vum Parquet, Informatiounen ze deelen, staark limitéiert. D’Infraktiounen, wéinst där an der aktueller Affär ermëttelt ginn, stinn net op der Lëscht.