
Kuerz virun 8 Auer waren zu Uesweller zwee Autoen aneneegerannt, eng Persoun gouf blesséiert. Op der Plaz waren d’Rettungsekippe vun Iechternach a vun Uesweller.
Géint hallwer 10 koum et dunn zu Wecker zu engem Accident tëscht engem Camion an engem Auto. Hei goufen et zwee Blesséierter. De SAMU aus dem Zentrum war am Asaz, sou wéi och d’Rettungsdéngschter vu Mäertert, Réimech, Biwer, Fluessweiler an Nidderaanwen.
Da gouf et nach um 10.45 Auer eng blesséiert Persoun zu Bartreng, déi mam Motorrad gefall war. D’Rettungsekipp vu Mamer krut Ënnerstëtzung vum CIS vu Mamer a vum CIS vu Bartreng.