
D’Dokument gëllt retroaktiv op den 1. Januar a fir eng Dauer vun zwee Joer. Ënner anerem sinn Erhéijunge bei de Salairen a Primes uniques virgesinn.
Fest Zäite fir Salariéë mat mobillen Horairë ginn ofgeschaaft, respektiv méi flexibel gestalt an et gi speziell Congéen agefouert.