ChamberAdaptéiert Klimagesetz gouf ugeholl

RTL Lëtzebuerg
Dat mat 54 Jo-Stëmmen, véier Nee-Stëmmen an zwou Enthalungen. D'Changementer viséiere virun allem méi ambitiéis CO2-Ziler.

D’Klimagesetz vun 2020 gëtt ofgeännert a moderniséiert, well d’Klimaziler op europäeschem Niveau nach emol konsequent verschäerft goufen.

Den europäeschen CO2-Präis, also d’Zertifikaen op CO2-Emissiounen, ginn op den Transport an op d’Gebaier ausgedeent. Donieft gëtt en Ausgläichsmechanismus op den EU-Grenzen agefouert, fir datt den EU-Bannemaart méi fair gëtt.

De Fluchverkéier soll mam Klimagesetz och méi nohalteg ginn. Do soll verstäerkt op syntheetesche Sprit gesat ginn, deen e besseren CO2-Bilan huet.

D’Wichtegkeet vun dësem adaptéierten Klimagesetz gouf den Donneschdeg de Mëtteg méi wéi eemol an der Plenière an der Chamber ënnerstrach.

D’ADR huet géint d’Reform vum Gesetz gestëmmt, déi Lénk hu sech enthalen. Fir den David Wagner vun déi Lénk geet et hei just ëm den europäeschen Emissiounshandel.

Den David Wagner huet ze bedenke ginn, datt et op en neits d’Konsumente sinn, déi méi musse bezuelen an och d’Steierzueler an déi Suen um Enn an d’Täsche vun den Aktionäre wäerte fléissen.

Back to Top
CIM LOGO