Soll Leit hëllefen, méi séier eng Aarbecht ze fannenADEM an UEL verlängere Partenariat ëm bal véier Joer

Lynn Cruchten
D’Agence pour le développement de l’emploi, also d’ADEM, verstäerkt hir Kollaboratioun mat der Unioun vun den Entreprisen.
Partenariat tëscht ADEM an UEL gëtt ausgebaut
Et gouf tëscht den zwee Partner eng nei Konventioun ënnerschriwwen, déi iwwert déi nächst véier Joer geet.

Wann d’ADEM keng gutt Relatioune mat den Entreprisen hätt, dann hätten d’Chômeuren, déi ageschriwwe sinn, och manner gutt Chancen ënnerzekommen,” seet d’Isabelle Schlesser, Direktesch vun der Aarbechtsagence.

Dofir verstäerkt d’Agence pour le développement de l’emploi hir Kollaboratioun mat der Unioun vun den Entreprisen. Eng gutt Relatioun mat de Betriber, bedeit fir déi Leit, déi bei der Adem ageschriwwe sinn, méi Chancë fir eng Aarbechtsplaz ze fannen. De Partenariat mat den Entreprisë gouf elo Mol fir weider bal 4 Joer ënnerschriwwen. A wéi d’Isabelle Schlesser erkläert, gëtt et eng Neiegkeet. Nämlech, dass geziilt mat deenen Entreprisen zesummegeschafft gëtt, déi souzesoen, déi gréisst Recruteuren zu Lëtzebuerg sinn:

“Déi ganz vill a ganz oft Besoinen hunn, fir nei Leit anzestellen. A fir dann ze kucken, do wou et méiglech ass, wann een agestallt gëtt, dass dat dann och een ass, dee bei eis virdrun am Chômage war. Well nëmmen esou kréie mer jo am Fong de Chômage erof. Am Moment hu mer eng Situatioun, wou de Chômage awer relativ héich ass, 5,8%. An dowéinst wëlle mer wierklech lo ganz verstäerkt op deene konkrete Saache schaffen. Dat ass net dat eenzegt, mee dat ass eppes, wat relativ nei ass.”

D’Isabelle Schlesser iwwer d’Zesummenaarbecht mat den Entreprisen

Wann en Accord tëscht Betrib an ADEM fonnt gëtt, kritt d’Entreprise de Label “Partner fir den Emploi”. Als Géigeleeschtung engagéiere sech déi concernéiert Betriber, op eng automatiséiert Aart a Weis all hir Posten ze deklaréieren an och fir effektiv Demandeurs d’emploi anzestellen. De Pourcentage, wéi vill Leit iwwert d’ADEM kënne vermëttelt ginn, muss mat all eenzel Entreprise gekuckt ginn.

Virun 9 Joer gouf dee Partenariat lancéiert. Zënterhier goufen net just etlech Jobdeeg organiséiert, mee och Online Plattformen an aner Initiativen an d’Liewe geruff, fir Demande an Offer um Aarbechtsmaart besser ze kombinéieren.

Back to Top
CIM LOGO