
Fir d’ADR ass doduerch d’Dignitéit vum mënschleche Liewen entwäert. Prezisiounen, ob si d’Gesetz wéi et aktuell ass, och kritiséieren, ginn am Communiqué net genannt.
Doriwwer eraus gesäit d’Partei eng “Gefor fir d’Gewëssensfräiheet vun den Dokteren an dem medezinesche Personal”, wann d’Recht op Ofdreiwung an der Verfassung verankert wier. D’ADR stellt d’Fro, ob esou e Grondrecht dann nach aus perséinleche Grënn dierf refuséiert ginn.
Am Fall wou sech d’Propos, d’Recht op e Schwangerschaftsofbroch an der Verfassung ze verankeren, sollt konkretiséieren, fuerdert d’Partei e Referendum.
Eng ganz aner Klack kënnt vum Planning Familial, a vum Cid Fraen an Gender. D’Initiativ vun Déi Lénk gëtt ausdrécklech begréisst. Laang erkämpfte Rechter vu Fraen a marginaliséierte Genrë wieren ëmmer méi a Gefor, mat Bléck op verschidde politesch Entwécklungen. Fir fräi iwwer säi Kierper ze bestëmmen, dat wier e Grondrecht.