No bal engem Joer stellt si fest, datt d’Politik däitlech geännert hätt an d’Beispiller vum Heescheverbuet, Logementsmesuren en faveur vu Promoteuren a Multi-Proprietaire genannt, mee och d’Steiersenkungen fir d’Entreprisen. Dat wier wuel déi ugekënnegt Politik, ma déi Gréng stelle fest, datt d’Regierung net wëll dozou stoen.
Déi Gréng vermëssen och eng kloer Linn an der Lëtzebuerger Aussepolitik a froen, woufir de Premier Luc Frieden d’Show vum ungaresche Premier Victor Orban op senger rezenter Visitt zu Budapest matgemaach huet. Wat déi ugekënnegt Rentendebatt ugeet, fuerderen déi Gréng, datt e Biergerrot agesat gëtt. Si selwer sinn am gaangen, hir Positioun auszeschaffen.
Déi Gréng maache sech och Suergen, doriwwer, wéi d’ADR versicht, ënner dem Deckmantel vun der Meenungsfräiheet aner Leit monddout ze maachen. An datt sech d’ADR souwuel a Methoden, Argumenter a Vocabulaire ëmmer méi der däitscher AFD géing rapprochéieren. Et géing kee Korrektiv méi an där Partei ginn. Et wier dowéinst wichteg, déi ze ënnerstëtzen, déi dogéint halen.D’Sam Tanson, sot, si géif hoffen, datt sech den Educatiounsminister sech och géing hannert den Direkter vun der Akerbauschoul, Tom Delles, stellen, dee vun ADR-Vertrieder geschleeft gouf.