"The Non-Violence Project"adr gëtt opgefuerdert, Walplakater mat "Knotted Gun" ewechzehuelen

RTL Lëtzebuerg
D'adr gëtt opgefuerdert, Walplakater mat "Knotted Gun", enger Pistoul, déi vir e Knuet huet, ewechzehuelen.
© Domingos Oliveira

Bei der Pistoul mam Knuet handelt et sech nämlech ëm eng Foto vum Wierk vum schwedesche Kënschtler Carl Frederik Reuterswärd.

Schwäizer Affekote vun der Fondatioun “The Non-Violence Project”, déi d’Proprietéit vum Wierk verwalt, hunn der adr bis Enn Mee Zäit ginn, fir d’Plakater an digital Representatioune vum Wierk ewechzehuelen, esou d’Lëtzebuerger Wort en Dënschdeg.

D’Instrumentaliséierung vun der “Knotted Gun” géing de Wäerter an Iwwerzeegunge vun der Fondatioun widderspriechen. D’adr géing intern doriwwer beroden, wat se elo géing maachen. “Solle se dach eng Plainte maachen”, esou awer nach de Spriecher vun der adr Dan Hardy dem Wort géintiwwer.

Back to Top
CIM LOGO