3. Deel vun der VerfassungsreformADR kritiséiert d'Aféierung vu Staatsziler an d'Recht op eng Famill

Diana Hoffmann
E Mëttwoch gëtt an der Chamber iwwert den 3. Deel vun der Verfassungsreform ofgestëmmt.
ADR kritiséiert Aféierung vu Staatsziler a Recht op Famill
E Mëttwoch gëtt an der Chamber iwwert den 3. Deel vun der Verfassungsreform ofgestëmmt.

Dësen Deel befaasst sech mam Kapitel iwwert d’Grondrechter, d’Fräiheeten an d’Staatsziler. Déi zwee éischt Deeler iwwert d’Justiz an d’Staatsorganisatioun si scho vun enger Majoritéit an der Chamber ugeholl ginn. En 2. Vott steet nach aus. D’ADR ass sech awer elo scho sécher, datt si och géint d’Kapitel iwwert d’Grondrechter, Fräiheeten a Staatsziler stëmme wäert. Wisou, dat huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser en Dënschdeg de Moien op enger Pressekonferenz erkläert.

08/03/2022 PK ADR iwwer Verfassungsreform 3.Deel 18h30 (Onli

“Mir innovéieren do als Lëtzebuerg”, seet hien zum Punkt, datt d’Recht, eng Famill ze grënnen, an der Verfassung verankert soll ginn, an domat souguer kann ageklot ginn. Och de Staatsrot hätt seng Bedenken hei matgedeelt an zur Virsiicht opgeruff. International géingen et emol nach keng Jurisprudenz dozou ginn. “Wa jiddereen d’Recht huet, eng Famill ze grënnen, dann ass dat quasi, wéi wann e Recht op e Kand géing agefouert ginn”, betount de Fernand Kartheiser. Verschidde Leit géingen dann op eng “Leihmutter” oder eng “mère porteuse” aus dem Ausland zréckgräifen, wat awer eng Exploitatioun vun der Fra wier, an eng Kommerzialiséierung vum Kand, dat zu engem Objet de Commerce gëtt.

Fir Staatsziler an eng Verfassung ze schreiwen, dovunner hält d’ADR näischt. Dëst wier eng Politiséierung vun der Verfassung, déi Joerzéngte soll gëlteg sinn. Ma et wéisst ee jo net, ob déi Ziler, déi haut festgehale ginn, an 20 bis 30 Joer nach aktuell sinn. Wat ass dann, wann eng Partei un der Spëtzt ass, déi mat de Staatsziler an deem Sënn net d’Accord ass, freet de Fernand Kartheiser. Dës misst jo awer kënne Politik mat deem Optrag maachen, mat deem se gewielt gouf. D’Verfassung sollt deemno de Staat organiséieren, an net d’Politik virschreiwen.

Ee Punkt, un deem sech d’ADR nach stéiert, ass datt d’Recht op Liewen net zentral an den Text opgeholl ginn ass. “Et huet een dëst bewosst ewechgelooss, fir Diskussiounen ëm d’Euthanasie an d’Ofdreiwung ze evitéieren”, mengt de Fernand Kartheiser. Eenzel Modalitéiten hätt ee jo einfach kënnen iwwer e Gesetz reegelen, sou seng Aschätzung.

Der ADR passt dann och net, datt den Artikel vum Auslännerwalrecht net kloer genuch formuléiert wier. Et wieren 2 Manéiere méiglech, fir den Text ze liesen. Jee nodeem wéi een den Artikel 9 bis liest, géing d’Chamber sech d’Méiglechkeet ginn, ze bestëmmen, wie beim Referendum ka mat ofstëmmen. Zum Beispill kéint festgehale ginn, datt wann Auslänner direkt betraff sinn, si kéinte mat ofstëmmen. “Mir soen net, datt dat schlëmm ass”, ënnersträicht den ADR-Deputéierten: “Mee et ass en Hannergoe vum Referendum vun 2015". Déi zwee éischt vu 4 Deeler aus der Verfassung, déi an der Chamber zur Ofstëmmung kommen, goufe wéi gesot, schonn ugeholl. Als nächst steet de Vott an der Chamber zum 4. Deel zu der Chamber an dem Staatsrot un.

RTL News: Zweet Kapitel iwwer Staatsform, Monarchie, Symboler a Regierung gouf ugeholl
RTL News: 3. Kapitel iwwer d’Rechter an d’Fräiheete gouf an der Chamber presentéiert

Back to Top
CIM LOGO