Claudine MullerADR verlaangt, datt Ried vun LTPES-Direktesch disziplinaresch gepréift gëtt

RTL Lëtzebuerg
D'ADR léisst net labber am Kontext vun der Ried, déi d'LTPES-Direktesch Claudine Muller bei der Diplomiwwerreechung gehalen huet.

An engem Schreiwes verlaangt d’Alternativ Demokratesch Reformpartei, dass den Educatiounsminister den zoustännege Commissariat du Gouvernement chargé de l’instruction disciplinaire chargéiert, fir de Fall z’iwwerpréiwen.

D’Claudine Muller, déi Member bei déi Gréng wier, hätt sech net un d’Neutralitéitsgesetz gehalen, kritiséiert d’ADR am Communiqué. Dat nodeems den Deputéierte Fred Keup schonn zwou parlamentaresch Froe gestallt hat, déi allebéid och vum Educatiounsminister Claude Meisch beäntwert goufen. D’ADR stéiert sech drun, datt d’Direktesch sech kloer géint den Donald Trump ausgeschwat huet a sech erliichtert sot, datt déi Rietsextreem a Frankräich bei den Neiwale keng absolut Majoritéit kritt hunn. “Rietsextrem” ass an den Ae vun der ADR e “vage Begrëff” deen a Frankräich benotzt géif, fir “Politiker ze diffaméieren”.

Back to Top
CIM LOGO