Aner Parteie maache Front commun an AktualitéitsstonnADR wëll, datt d'Rentereserv och a Waffen- a Rüstungsindustrie investéiert gëtt

RTL Lëtzebuerg
De Kompensatiounsfong placéiert d'Rentereserv no sougenannten ESG-Reegele mat sozialen an ekologesche Krittären.

Domat wollt d’ADR déi aner Parteien an der Chamber wärend enger Aktualitéitsstonne der Hypokrisie iwwerféieren. An enger Motioun huet si proposéiert, datt d’Sue vun der Rentereserv nees an d’Waffen-, an d‘Rüstungsindustrie sollen investéiert ginn. Ma de Schoss goung no hannen lass. Déi aner Parteien hu “Front commun” géint d’ADR gemaach.

ADR-Motioun zu der Rentereserv / Reportage Michèle Sinner

D’ADR wéilt d’Bierger opklären, esou den Tom Weidig: “Datt hir Suen vun anere fir politesch Zwecker genotzt ginn”
Hie wollt déi grouss Parteien domat blousszestellen, datt a Firmen wéi Airbus an Rolls Royce net däerf investéiert ginn:

“Gott sei Dank existéieren déi Firmen, si garantéieren eis Fräiheet an Europa. Duerch d’Waffeliwwerung un d’Ukrain fir hir Verdeedegung sinn eis Reserven niddreg an ouni déi Firme gesäit et net gutt aus mat eiser militärescher Stäerkt.”

Ma do ass de Marc Baum vun déi Lénk vum Stull gefuer: “Verstinn ech dat richteg, datt d’Positioun vum ADR lo doran besteet, fir der Ukrain Waffen ze liwweren? Dat wier nei.”

“Nee, et geet hei einfach ëm d’Konsistenz. All Parteie soen, si solle Waffe liwweren, mee op der aner Säit den Investmentfong awer net dierf an déi Rüstungsfirmen investéieren”, huet den Tom Weidig erkläert.

Datt Konsistenz a Koherenz net dat nämmlecht sinn, huet dem Tom Weidig seng Positioun net gestäerkt, wéi hien all Riedner wollt froen, firwat net an Airbus géing investéiert ginn, wa Lëtzebuerg dach selwer e Militär-Airbus mat kaf hätt, wéi hei vis-à-vis vum André Bauler:

“Fannt der net, datt zemools, datt dat fir eng Partei, déi sech Liberalismus a Wirtschaftsliberalismus op de Fändel schreift, fannt der net, datt dat inkonsistent ass”

“Dir mengt inkoherent...”, sou den André Bauler doropshin.

Queesch duerch de Gaart, ware sech déi aner all eens, datt den Tom Weidig, wéi een Deputéierte sot “Quatsch” géing verzielen.

De François Bausch vun déi Gréng war rosen: “Wann een antrëtt fir Gesetzer géint Kanneraarmut, dat ass Ideologie. Wann een antrëtt fir Gesetzer, déi d’Mënscherechter respektéieren. Dat ass Ideologie.“

De Sven Clement vun de Piraten huet klimafrëndlech Investitioune verdeedegt: “D’Pensiounsrécklage sinn awer nëmme sécher, wa mer se krisefest maachen. An aus Energien erausklammen, déi de Rendement an eis Welt futti maachen.”

D’Ministerin Martine Deprez huet den Deputéierte gefléift: “Ech géif iech bieden, d’Krittären net manner streng ze maachen.”

An de Marc Baum vun déi Lénk huet sech opgereegt: “Datt awer lo grad d’ADR higeet a sech Mordicus drun hält, datt d’Sue vun de Lëtzebuerger Salariéë sollen iergendwou op der Welt investéiert ginn, fir Waffen hierzestellen, fir Fluchtursaachen vu Flüchtlingen hierzestellen. Dëst ass einfach nëmme Wansinn.”

Wourop den Tom Weidig sot: “Dir sidd wierklech Hypokritten.”

Vun deene anere Parteien huet dann och keng fir d’Motioun vun der ADR gestëmmt.

Back to Top
CIM LOGO