
Zu där Fro leeft zënter 2 Joer e juristesche Sträit tëschent der genannter Administratioun an dem Barreau.
Dat well d‘Steierverwaltung engem Cabinet eng Amende opgedrummt hat, well dësen Informatiounen net wollt rausginn.
D’Lëtzebuerger Verwaltungsgeriicht huet dem Europäesche Geriichtshaff an dëser Affär eng Rei questions préjudicielles gestallt. Bei enger vun de Froe geet et drëm, ob och beim droit des sociétés d‘Beruffsgeheimnis vum Affekot garantéiert ass.
Den Arrêt vun der Cour gouf rezent publizéiert an d‘Affekote gesi sech an hirer Vue confirméiert an deelen dat an engem Communiqué mat.
D‘Riichter um Kierchbierg halen ënner anerem fest, datt d‘Verwaltung géint d‘Recht op de Respekt vun der Kommunikatioun tëschent Affekot a Client verstouss huet. D‘Affär geet elo zeréck bei d‘Lëtzebuerger Verwaltungsgeriicht.