Detailer zum Mord zu BounewegAffer an Täter hunn zesumme gewunnt

RTL Lëtzebuerg
Ëmmer méi Detailer am Mordfall zu Bouneweg gi bekannt. D’Affer soll mam Täter an enger Wunngemeinschaft zesummegelieft hunn.
© RTL

En Donneschdeg, den 22. Dezember huet d’Police an enger Wunneng zu Bouneweg d’Läich vun enger 32 Joer aler Fra fonnt. Presuméierten Täter ass de 45 Joer ale Proprietär vum Appartement a Matbewunner vun der jonker Fra.

D’Police ass eréischt duerch en Appell op d’Verbriechen opmierksam ginn. De 27 Joer ale Frënd vun der Victime, deen diverse Presseberichter no och soll do gewunnt hunn, hat den Noutdéngscht alarméiert. Dat nodeems och hie vum Proprietär mat engem Messer ugegraff a blesséiert gi war. Hien konnt sech awer a Sécherheet bréngen.

Wéi de Parquet an engem Communiqué en Donneschdeg matgedeelt huet, huet d’Police, wéi se d’Wunneng vum Ugräifer wollt duerchsichen, d’Läich vun der 32 Joer aler Fra fonnt. Dës wier zum Deel zerstéckelt gewiescht.

Dem Proprietär vun der Wunneng gëtt Mord, Doudschlag a versichten Doudschlag reprochéiert. Hie gouf zu Suessem an Untersuchungshaft ënnerbruecht. Weider gouf matgedeelt, dass et kee familiäre Lien tëscht dem Affer an dem Verdächtege géing ginn.

Back to Top
CIM LOGO