An der StadAffer gëtt op de Kapp geschloen a kritt Boergeld geklaut

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt e Freideg de Moien zwee Virfäll op der Gare, déi an der Nuecht geschitt sinn.
© RTL-Archiv

Op der Avenue de la Liberté am Garer Quartier gouf an der Nuecht op e Freideg eng Persoun iwwerfall. Wéi d’Police mellt, wier d’Affer éischten Erkenntnisser no op de Kapp geschloe ginn, ier den Ugräifer sech mat Boergeld duerch d’Bascht gemaach huet. No enger éischter Hëllef op der Plaz koum d’Affer fir weider Traitementer an d’Spidol. D’Police huet eng Sich an d’Weeër geleet, ma déi blouf ouni Resultat. Et gëtt am Fall ermëttelt.

Keng Drogen derbäi, ma Rebellioun géint Beamten

An der Nuecht op e Freideg ass eng Policepatrull um Eck Rue de la Fonderie / Rue de Hollerich am Garer Quartier dann och nach op zwee Männer opmierksam ginn, déi sech opfälleg beholl hätten, wéi d’Police matdeelt. Wou si d’Beamte gesinn hunn, hätte si d’Been an d’Hänn geholl a sech fortgemaach. Wäit koumen déi zwee Verdächteg awer net.

Bei der Kontroll hätte sech déi zwee Männer onkooperativ verhaen a géint d’Beamte rebelléiert, wouropshin ee vun de Männer immobiliséiert misst ginn. Ee vun de Männer war an der Vergaangenheet scho wéinst Drogendelikter opfälleg ginn, ma ee Kierperscan huet keng Presenz vun illegale Substanze gewisen. Och en abscence dovun huet d’Police awer ee Protokoll wéinst Rebellioun erstallt.

Alkohol um Steier zu Gaasperech an op der A4

Der Police gouf en Donneschdeg den Owend um Boulevard de Kockelscheuer zu Gaasperech dann och nach ee futtisten Auto gemellt, deen net méi riicht fuere konnt. D’Beamte konnten den Auto ermëttelen an hunn de Chauffer op Alkohol getest - d’Resultat war positiv. De Chauffer wäert sech déi nächst Zäit emol net méi hannert d’Steier sëtzen dierfen.

E bësse méi spéit gouf op der A4 a Richtung Lëtzebuerg op der Héicht vu Steebrécken een Auto eragemellt, deen eng Pann hat. Eng Policepatrull huet den Auto mat engem platte Pneu an d’Automobilistin, déi e gefuer war, fonnt. Een Alkoholtest huet och hei ugeschloen an d’Fra krut ee provisorescht Fuerverbuet.

Back to Top
CIM LOGO