Een Déifstall an 3 AbréchAffer krut Kette vum Hals gerappt an der Rue Dicks op der Stater Gare

RTL Lëtzebuerg
Éischten Informatiounen no hat den Täter säin Affer als éischt op seng Schong ugeschwat, fir dëst ofzelenken.

Duerno soll hien dem Mann seng Kette vum Hals gerappt hunn a fortgelaf sinn. Passéiert ass dat Ganzt um 15 Auer en Dënschdeg de Mëtteg. D’Enquête leeft.

An de vergaangene Stonne goufen der Police no iwwerdeems eng Rei Abréch an Abréchsversich gemellt.

Sou sinn zum Beispill um Dënschdeg am Nomëtteg Onbekannter an eng Wunneng an engem Méifamilljenhaus an der Rue du Commerce zu Keel agebrach. Well si vun enger Awunnerin iwwerrascht gi sinn, si se nees geflücht. D’Brigange konnten net erëmfonnt ginn.

Ee weideren Abroch gouf et um Dënschdeg den Owend an engem Appartementshaus an der Rue Charles IV an der Stad. D’Täter hunn d’Wunneng duerchwullt.

A béide Fäll leeft d’Enquête.

2 Fraen dann, déi um Dënschdeg am spéiden Nomëtteg an der Rue du Kiem zu Stroossen versicht hunn, an eng Wunneng vun engem Méifamilljenhaus anzebriechen, goufe vun der Police matgeholl. Si hate Geschier, fir anzebriechen derbäi an um Mëttwoch Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO