BedruchsmaschAffer nom Akafen op Parking ugeschwat a wärend Gespréich beklaut

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Mëtteg gouf der Police en Trickdéifstall op engem Parking vun engem Supermarché zu Stroossen gemellt.
© Envato Astrakanimages

Wéi d’Police schreift, wollt d’Affer grad den Akafsweenchen zréckbréngen, wéi et vun enger onbekannter Fra ugeschwat gouf. Wärend d’Affer duerch d’Gespréich ofgelenkt war, huet eng weider Persoun Wäertsaachen aus dem oppenen Auto geklaut.

D’Police huet Ermëttlungen an d’Weeër geleet.

Wéi Dir Iech virun Déifställ schütze kënnt, huet d’Police op hirem Site opgelëscht.

Back to Top
CIM LOGO