
Deemno soll d’Affer vun engem vun den zwee Täter ugeschwat gi sinn, wärend sech deen anere vun hannen erugeschlach huet, fir de Portmonni aus der Boxentäsch ze klauen. No der Dot sinn déi zwee mat engem Auto geflücht. D’Police huet an deem Fall Ermëttlunge lancéiert.
Donieft goufen der Police awer och Abréch respektiv Abréch-Versich gemellt.
Zu Déierbech war géint 19.30 Auer en Abroch gemellt ginn, bei deem eng Fënster opgebrach an d’Haus duerchsicht gouf.
Eng annerhallef Stonn méi spéit haten Abriecher zu Capellen an der Garer Strooss eng Fënster zerstéiert, fir an e Gebai ze kommen. Eng Awunnerin hat si awer dobäi erwëscht. Wéi d’Fra op sech opmierksam gemaach huet, sinn d’Täter an onbekannt Richtung geflücht.
A béide Fäll war d’Police technique op der Plaz.
Um Belair war e Mann gemellt ginn, deen u geparkt Autoe klensche goung. Bei engem Won hat den Onéierleche Gléck, well en net zougespaart war. No enger kuerzer Sich nom Verdächtege konnt dëse fonnt a festgeholl ginn. Hie koum mat op de Policebüro, gouf protokolléiert an et goufe weider Ermëttlunge lancéiert.