Clausen a GréiwemaacherAggressioune viru Bar, Kläpperei a Stadion

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend géint 23:30 Auer gouf der Police eng aggressiv Persoun virun enger Bar a Clausen gemellt.
© RTL-Archiv

Wéi d’Beamten ukoumen, ass hinne séier opgefall, dass déi concernéiert Persoun scho virdrun am Zentrum vun der Stad opgefall war.

D’Persoun huet eng Gefor fir sech an anerer duergestallt a koum dohier no enger medezinescher Kontroll an eng Zell, fir auszeniichteren.

Méi fréi am Owend géint 18:30 Auer koum et zu Gréiwemaacher am Stadion zu enger Kläpperei tëscht direkt e puer Persounen. Wéi et geheescht huet, war e Sträit tëscht Spiller den Ausléiser. Wéi d’Police ukoum, hat sech d’Situatioun awer nees gréisstendeels berouegt.

Back to Top
CIM LOGO