Mobilitéitsministère deelt matAggressiounen a Busser an Zich sinn d'lescht Joer an d'Luucht gaangen

RTL Lëtzebuerg
D'Aggressiounen an de Busser an Zich goungen d'lescht Joer an d'Luucht, grad wéi och d'Akte vu Vandalissem.
© RTL-Archiv

Dës Hausse wier an absolutten Zuele gemooss ginn. et misst een awer deen Ament och mat a Betruecht zéien, datt d’Zuel vun de Passagéier am ëffentlechen Transport zanter der Pandemie ëmmer weider an d’Luucht gaangen ass. Konkret Chifferen nennt d’Regierung awer net.

Wärend et zwar méi Aggressioune gouf, wieren déi am leschte Joer awer net esou grav gewiescht, wéi an de Jore virdrun. Dat gouf am zoustännege Comité fir d’Sécherheet am ëffentlechen Transport festgehalen, deen en Donneschdeg eng éischte Kéier beienee war.

Et géif een op d’Digitaliséierung vun de Surveillance-Kameraen an den Zich zielen, op déi d’CFL ewell zanter engem Joer zeréckgräift, fir esou am Fall vun Aggressiounen och effikass kënne Plainten ze maachen. Dee System soll och geschwënn am Tram, grad wéi de Bussen op den RGTR-, TICE-, a Stater Linnen agesat ginn. Op déi Manéier sollen och déi sensibel Zonen op Garen a Busarrêten erkannt a besser vun der Police iwwerwaacht ginn.

Déi gutt Nouvelle aus dem Sécherheets-Comité, dee vun der Ministesch Yuriko Backes presidéiert gouf ass déi, datt antëscht bal d’Hallschent vun de ronn 1.300 Busser, déi op den 190 RGTR-Linne fueren, mat enger Sécherheets-Kabinn fir d’Chaufferen equipéiert wieren.

Back to Top
CIM LOGO