ZeienopruffAggressive Mann mat Messer op Gare zu Waasserbëlleg festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie kuerz virun 8 Auer gouf der Police e Mann gemellt, dee sech géigeniwwer de Passanten op der Gare zu Waasserbëlleg aggressiv behuele géif.

Well de Mann dobäi och dat eent oder anert Messer ausgepaakt huet, gouf hie vun de Police-Beamte festgeholl. Well méiglech Zeie schonns net méi op der Gare waren, sicht d’Police elo no Zeien. Dës kënne sech bei der Police Museldall ënnert der Nummer (+352) 244 70 1000 oder per E-Mail mellen.

Back to Top
CIM LOGO