
AHA, d’Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker stellt an engem Schreiwes um Sonndeg den Owend e puer Froen. Notamment iwwert de Finanzement vun deem Ganzen a wéi wäit Steiergelder fir déi ganz Organisatioun involvéiert sinn.
Et gëtt sech och gefrot a wéi wäit de Grand-Duc, deen de Pontifex jo invitéiert huet, sech a senger Funktioun als Staatschef, reliéis-neutral misst verhalen.
AHA rappelléiert an hirem Schreiwes, dass hiren Zuelen no, eng Majoritéit vun de Bierger am Land sech nämlech als “net reliéis” géif bezeechnen.