
“Bobi bleift” - mat deem Slogan hu sech e Grupp Aktivisten am Bobësch tëschent Käerjeng a Suessem installéiert, fir de Bau vum Käerjenger Contournement ze verhënneren. Zwee Deeg nodeems d’Bëschbesetzer hir Aktioun ëffentlech bekannt gemaach hunn, krute si e Mëttwoch de Moie Besuch vun der Naturverwaltung. Si wieren opgefuerdert ginn, de Bësch ze verloossen, esou d’Aktiviste RTL géigeniwwer.
Hir Constructiounen - Plattformen, déi mat Kloterseeler opgehaange goufen - géingen d’Beem beschiedegen a si wieren net am Aklang mam Naturschutzgesetz. D’Aktiviste gesinn eng gewëssen Ironie an deem Reproche, vue datt d’Beem fir d’Strooss sollen ofgeholzt ginn.Op Nofro vun RTL heescht et awer vum Ëmweltministère, datt d’Bëschbesetzer vu Käerjeng net géint d’Naturschutzgesetz verstoussen. Effektiv wier eng Equipe vun der Naturverwaltung e Mëttwoch de Moien op der Plaz gewiescht an hätt duerno e Rapport un de Ministère geschéckt. Dora wieren awer keng Verstéiss géint d’Naturschutzgesetz festgestallt ginn.D’Mataarbechter vun der Verwaltung hätten d’Aktivisten drop higewisen, datt se op engem anere senger Proprietéit sinn. Iwwerdeems wiere si gefrot ginn, de Bësch esou ze verloosse wéi se e fonnt hätten a kee Feier ze maachen.Dee 4,2 Kilometer laange Käerjenger Contournement wäert op ganzer Längt duerch de Bobësch féieren an um Niveau vum Zämerbësch och en Impakt op eng Natura-2000-Zone hunn.
Réaction du ministère de l’Environnement du Climat et du Développement durable (MECDD) quant aux activités prenant place dans la forêt dit «Bobësch» (21.07.2022) | |
| |
| |
Hier matin, trois agents de l’ANF (Administration de la nature et des forêts) ont effectué une visite des lieux au Bobësch dans le cadre de leurs missions de police et de protection des forêts. Selon leur rapport, cette intervention s’est déroulée dans le calme et le constat des agents était que «les incidents négatifs sur l’environnement naturel en général et la protection des espèces en particulier sont minimes». Les agents ont suggéré aux personnes présentes de préserver les lieux dans leur pristin état. Un aspect important qui a fait objet de l’intervention était de contrôler l’absence de feux dans les forêts - ce type de pratique est interdit et dans les conditions météorologiques actuelles extrêmement dangereux. Sur base de ce rapport, le MECDD estime qu’il n’y a pas infraction à la loi modifiée du 18 juillet 2018 concernant la protection de la nature et des ressources naturelles. Le MECCD rappelle que selon l’article 15 de la loi du 18 juillet 2018 précitée les manifestations sportives ainsi que les activités de loisirs susceptibles d’avoir une incidence significative sur la forêt doivent être préalablement autorisées par la ministre. |