206 Mesuren a verschiddene SecteurenAktualiséiert Versioun vum Energie- a Klimaplang ugeholl

RTL Lëtzebuerg
De Regierungsrot huet e Mëttwoch eng aktualiséiert Versioun vum PNEC, dem Energie- a Klimaplang ugeholl, dee bis 2030 gëllt.
© AFP Symbolbild

E besteet aus 206 Mesuren, déi verschidde Secteure betreffen. An dëst Dokument gëtt ënner anerem an de Koalitiounsaccord mat afléisse gelooss, mä och Recommandatioune vun der europäescher Kommissioun.

Lëtzebuerg wëll seng Zäregasemissioune jo bis 2030 ëm 55 Prozent par rapport zu 2005 reduzéieren a bis 2050 klimaneutral ginn.

Dat Zil soll zum Beispill duerch méi e séieren Ausbau vun den erneierbaren Energien erreecht ginn.

Bis 2030 solle 37 Prozent vun der Energie, déi verbraucht gëtt, aus erneierbaren Energië kommen. An der leschter Versioun vum Plang waren et minimum 35 Prozent.

Et soll zum Beispill vun de Prozeduren hier méi einfach ginn, fir Photovoltaik-Anlagen z’installéieren a bis d’Fréijoer soll och de Prefinanzement fir Sonnepanneaue prett sinn, esou de Wirtschaftsminister Lex Delles. Vun do u muss een de Subside, deen ee vum Staat kritt, dann net méi virstrecken.

“Dee Subside gëtt direkt vum Ëmwelt- a Wirtschaftsministère un de Betrib bezuelt. Do geet et awer drëm, datt et net ka sinn, dass de Betrib eréischt no 2 oder 3 Méint seng Sue kritt, well dee soss Faillite ass, bis e säi Subside kritt. Mir wëlle ganz séier bannent 2 maximal 3 Wochen de Subside un de Betrib ausbezuelen.”

Nieft dem méi séieren Ausbau vun erneierbaren Energië gëtt d’Energieeffizienz op 42 Prozent fixéiert. Virdru waren dat tëschent 40 a 44 Prozent.

D’Ministeren ënnersträichen, datt de Lëtzebuerger Energie- a Klimaplang ee vun den ambitiéisten an der EU ass an datt mer um gudde Wee wieren, fir d’CO2-Emissiounen bis 2030 ëm 55 Prozent par rapport zu 2005 ze reduzéieren.

Den Ëmweltminister Serge Wilmes:

“Et kann een elo scho soen, ouni déi definitiv Zuelen ze hunn, datt mer 2023 2 Prozent ënner 2022 leie vun den CO2-Emissiounen a mir hu souguer fir d’Joer 2023 6 Prozent manner Emissioune verbraucht wéi déi, déi eis zougestanen hätten.”

Déi zoustänneg Ministeren ënnersträichen, datt et der Regierung wichteg ass, d’Leit duerch Informatioun, Berodung a finanziell Ureizer mat an d’Boot ze kréien, net duerch d’Verbueter.

Back to Top
CIM LOGO