
Aktuell géing et keng kloer Energiestrategie ginn. Dat géing fir vill Chaos suergen an d’Efforten aus de leschte Jore géingen doduerch verluer goen, bedauert déi gréisst Oppositiounsfraktioun. Grad déi, déi an erneierbar Energien investéiert hätten, géingen elo bestrooft ginn, well hir Stroumrechnung drastesch géing an d’Luucht goen.
D’Regierung misst stabil a bezuelbar Energiepräisser fir jidderee garantéieren, fuerderen d’Sozialisten, déi hir zéng Propose fir eng “responsabel a sozial” Energiepolitik presentéiert hunn. Virop soll den Energiepräisdeckel fir dëst Joer nees ganz agefouert ginn, an net wéi aktuell just nach hallef. Och sollt der LSAP no méi an de Stroumreseau investéiert ginn. Konkret misst een Deel vum Profit dee Creos an Encevo maachen an d’Stroumnetz reinvestéiert ginn an net eleng un d’Aktionäre verdeelt ginn.

Dat géing net nëmmen en nohaltegt Netzwierk garantéieren, dat der grousser Demande gerecht gëtt, ma och hëllefen, datt d’Präisser fir de Verbraucher méi bëlleg sinn. Doriwwer eraus misst d’Energieaarmut definéiert ginn an de soziale Klimaplang finaliséiert ginn, esou weider Fuerderunge vun de Sozialisten un d’Regierung.