Assurance dépendanceAktuell si ronn 17.000 eeler Leit vun der Fleegeversécherung couvréiert

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vum 25. Anniversaire vun der Assurance dépendance hat d'Santésministesch Martine Deprez e puer Chifferen ervirgestrach.
© AFP Archivbild

Aktuell sinn eng 17.000 eeler Leit vun der Fleegeversécherung am Land couvréiert, zwee Drëttel vun hinne ginn Doheem soignéiert an am Secteur vun de Soins- an Hëllefszerwisser schaffen eng 12.000 Persounen. Dës Chifferen huet d’Ministesch Deprez genannt am Kader vum Anniversaire vun der Assurance dépendance, déi 1999 an d’Liewe geruff gouf. Se ass eng vun den eenzege Versécherunge vun där Zort an Europa.

Eleng zejoert huet sech de Käschtepunkt fir d’Prestatioun vu Fleeg an Hëllef vun eeleren a behënnerte Persounen op eng 905 Milliounen Euro chiffréiert. Dëst gëllt fir Leit, déi Doheem gefleegt ginn, mee och an Altersheemer oder Strukturen aus dem Domaine vum Handicap.

Back to Top
CIM LOGO