BankegewerkschaftAleba kritiséiert d'Attitüd vis-à-vis vun de Salariéeën vun der Fortuna-Bank

RTL Lëtzebuerg
D'Spuerkeess géing sech net vill fir de Sort vun de Salariéeën interesséieren, bedauert d'Aleba an engem Communiqué.

D’Bankegewerkschaft Aleba ass net frou iwwer d’Attitüd vun der Spuerkeess, déi d’Clientë vun der Fortuna-Bank iwwerhëlt. D’Fortuna-Bank stoppt no ronn engem Joerhonnert progressiv d’Aktivitéiten zu Lëtzebuerg.

D’Spuerkeess, déi als eenzegen Aktionär de Staat huet, hätt wuel just hir eege finanziell Interessien am Kapp, sou d’Aleba.

Leider wier och nach ëmmer net rieds iwwert e Sozialplang fir d’Salariéeën, bedauert d’Gewerkschaft. Et misst een op en Neits feststellen, datt et einfach wier, d’Gesetz iwwer déi kollektiv Licenciementer ze ëmgoen.

Bei der Fortuna-Bank schaffen den Ament nach 17 Leit mat engem onbefriste Kontrakt.

RTL News: Bank Fortuna zitt sech zeréck, Clientë kënne vu Spuerkeess iwwerholl ginn
RTL News: Wéi geet et mat de Fortuna-Bank-Mataarbechter nom Stopp zu Lëtzebuerg weider?

Back to Top
CIM LOGO