Iwwer 30 Grad gemelltAlerte jaune e Samschdeg wéinst héijen Temperaturen

RTL Lëtzebuerg
Fir e Samschdeg de Mëtteg huet den nationale Wiederdéngscht en Avis de chaleur fir de Süde vum Land erausginn.
© AFP (Archiv)

E Samschdeg gi fir de Süde vum Land tëscht 12 an 18 Auer Temperaturen tëscht 30 an 32 Grad gemellt. Meteolux huet dofir eng Alerte jaune erausginn.

Viru Mëtteg wäert et haaptsächlech sonneg sinn, am Laf vum Nomëtteg kënne bei schwaachem bis mëttlerem Wand awer och emol Wolleken opzéien, esou d’Previsioune vu Kachelmann Wetter. Am Laf vum Dag gëtt et waarm mee och ëmmer méi dompeg, wat dann an der Nuecht op e Sonndeg och emol plazeweis Reen oder Wiedere mat sech brénge kann. An der Nuecht ginn d’Temperaturen op maximal 15 bis 19 Grad erof.

Wéi ass déi aktuell Loftqualitéit?

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?

Back to Top
CIM LOGO