An der Nuecht op e SamschdegAlerte Jaune wéinst "Dauerreen"

RTL Lëtzebuerg
Vun e Freideg den Owend op e Samschdeg de Moie rechent MeteoLux mat dauerhaftem Reen am ganze Land.

Wéinst dem erwaarten “Dauerreen” huet MeteoLux e Freideg de Moien eng Alerte Jaune erausginn. Dës gëllt vu freides owes 22 Auer bis samschdes moies 7 Auer. Tëscht 20 an 30 Liter Reen kéinte bannent 12 Stonne pro Quadratmeter erofkommen.

An Iwwerschwemmungsgebidder sollt een d’Situatioun deemno méi genee am Bléck halen.

Och fir d’Nopeschregiounen a Frankräich Meurthe-et-Moselle, Meuse an d’Ardennes, grad ewéi fir dat däitscht Bundesland Rheinland-Pfalz gëllt eng Alerte Jaune bis e Samschdeg. Fir vill Departementer a Frankräich gëllt zanter en Donneschdeg iwwerdeem eng Alerte rouge.

RTL-News: Héichwaasser a Frankräich: “Déi gréisst Katastroph zanter 40 Joer”, esou de Premier Michel Barnier

Back to Top
CIM LOGO