
Zu Déiljen konnt d’Patrull e lokaliséieren. De Chauffer huet sech du mat héijer Vitess ewech gemaach. No enger Course-Poursuite konnte de Mann ausgebremst ginn. Den Alkoholtest war positiv, de Permis fort.
Och an der Nuecht op en Dënschdeg huet een Automobilist probéiert, sech enger Kontroll zu Esch-Belval ze entzéien, konnt allerdéngs um Boulevard Prince Henri gestoppt ginn. Et louch ee Fuerverbuet géint de Chauffer vir. Et goufen iwwerdeems Drogen am Auto fonnt.