
E Freideg gouf der Police géint 20.50 Auer een Auto gemellt, dee mat grousse Schied an der Route de Burange zu Diddeleng op dem Trottoir ofgestallt gi war. D’Police ass doropshi bei d’Chauffeuse vum Auto heem schelle gaangen, wou si en Alkoholtest misst maachen. D’Resultat war positiv an d’Fra gouf protokolléiert.
En zweete futtisten Auto huet d’Police an der Allée Scheffer um Lampertsbierg fonnt, dat géint 22.15 Auer. Och hei hat d’Chauffeuse sech alkoholiséiert hannert d’Steier gesat a war nieft dem Auto nach an zwee Pottoe gerannt. Si huet sech awer net ëm de Schued gekëmmert, mee ass einfach fortgefuer. An der Avenue John F. Kennedy huet hiren Auto dunn de Geescht opginn, nodeems en ze vill Ueleg verluer hat. Och hei war den Alkoholtest positiv an der Fra gouf de Fürerschäin ofgeholl.
Zu Gréiwemaacher huet d’Police an der Nuecht op e Samschdeg dann nach eng Persoun gestoppt, déi op engem Fest ze déif an d’Glas gekuckt hat an awer nach gefuer ass. Och an dësem Fall gouf de Fürerschäin agezunn an ee Protokoll geschriwwen.
Zu Dikrech hunn d’Police an d’Douane e Freideg dann nach eng Partie Verstéiss bei enger Verkéierskontroll constatéiert. Siwe Chauffeure konnte kee valabele Certificat fir déi technesch Kontroll virleeën, an dräi Fäll gouf et e Problem mat der Steiervignette. Bei nach aneren dräi Chauffeure war näischt vu béidem an der Rei an een Auto war carrement net ugemellt.
