
Am spéide Sonndegnomëtteg gouf eng Patrull vun der Police op e Gefier an der Rue des Glacis an der Stad opmierksam. Dat wéinst sengem opfällege Fuerstil. Den Alkoholtest bei der Automobilistin war positiv, de Permis krut se ofgeholl.
Weider goufen der Police tëscht dem Sonndegowend a Méindegmoien eng Partie Leit, wéinst hirem opfällegen an alkoholiséierten Zoustand gemellt. Well si d’ëffentlech Rou gestéiert hunn, respektiv eng Gefor fir sech selwer oder aner Leit duergestallt hunn, koume si an Arrest, fir auszeniichteren.
Esou zum Beispill e Sonndegowend, wou d’Police gesinn huet, wéi eng Persoun engem aneren an d’Gesiicht geschloen huet. Dat op der Kräizung vun der Avenue de la Gare mat der Rue Jean Origer am Garer Quartier. D’Affer gouf net blesséiert. Bei der Kontroll ass eng drëtt Persoun derbäi komm, déi behaapt huet mam Täter befrënnt ze sinn. Béid Persoune waren alkoholiséiert an hu sech onkooperativ gewisen. Well si d’Poliziste beleidegt hunn, krute si e Protokoll. Den Täter, dee fir sech a fir aner Leit eng Gefor duergestallt huet, gouf matgeholl, fir säi Rausch auszeschlofen.
Um selwechten Owend gouf der Police an der Avenue du Rock’n’Roll zu Esch eng alkoholiséiert Persoun an engem Café gemellt, déi aner Clientë belästegt a mat Béierbéchsen ëm sech geheit huet. Well de Mann onsécher op de Been war a bal gefall ass, huet d’Police, nodeems hie vun engem Dokter ënnersicht gouf, an Arrest bruecht.