
Dat obwuel d’Police dem Mann signaliséiert huet stoen ze bleiwen. Zum Virfall koum et an der Route de Luxembourg zu Diddeleng. E bësse méi spéit konnt den Auto vun enger Policepatrull gestoppt ginn. De Chauffer huet du wollten zu Fouss fortlafen, gouf awer vun der Police dobäi gehënnert. Bei enger Kontroll huet sech erausgestallt, datt den Auto net richteg ugemellt war. Weider war den Alkoholtest beim Chauffer positiv, hie krut de Permis ofgeholl.
Um Méindegowend war d’Police op eng Persoun an der Rue Jean Origer am Garer Quartier opmierksam ginn. De Mann wollt sech séier aus dem Stëbs maachen, gouf awer vun der Police ugehalen. Well hien de Mond net wollt opmaachen, huet d’Police mussen dovunner ausgoen, datt hien eng Substanz am Mond verstoppt oder geschléckt hat.
De selwechten Owend ass eng weider Persoun am Garer Quartier opgefall. Dës Kéier op der Kräizung vun der Rue de Hollerich mat der Rue de la Fonderie. D’Police huet decidéiert, de Mann ze kontrolléieren, dee spierbar nervös war. Weider huet hie Beweegunge gemaach, wéi wann hien eppes ofschlécke géing.
Bei béide presuméierten Drogendealer goufe Friemkierper an hirem Kierper fonnt. Si goufe festgeholl a sinn en Dënschdegmoie virun den Untersuchungsriichter komm.