
Géint 19.30 Auer um Samschdegowend krut d’Police en Auto gemellt, deen zu Schuller a Schlaangelinne géif fueren. D’Police ass op d’Plaz gefuer an huet de Mann kontrolléiert. Net nëmme war den Alkoholtest positiv, et louch och nach e Fuerverbuet géint de Mann vir.
Um 4.30 Auer e Sonndegmoie krut d’Police dann en Auto gemellt, deen um Lampertsbierg op den Tramsschinne géif festhänken. Op der Plaz hunn d’Polizisten e staarken Alkoholgeroch bei der Fuererin vum Auto festgestallt. Den Alkoholtest war positiv an der Fra hire Fürerschäi gouf agezunn.
A béide Fäll gouf e Rapport geschriwwen.