4 Permisen agezunnAlkoholiséiert hannert d'Steier gesat a vun der Police ugehalen

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem gouf en Dënschdeg de Mëtteg e Chauffeur zu Déifferdeng gemellt, dee wuel alkoholiséiert mat sengem Auto ënnerwee war.
© RTL

Eng Patrull vun der Police konnt hien um Boulevard Emile Krieps unhalen. Bei der Kontroll ass de Beamten dunn de Geroch vun Alkohol opgefall. Den Test beim Chauffeur war positiv, et gouf e provisorescht Fuerverbuet fir hien.

Op der N23 zu Kietscht gouf der Police dann en Dënschdeg den Owend en Auto gemellt, dee Schlaangelinne gefuer, an ëmmer nees an de Géigeverkéier geroden ass. Kuerz drop gouf de Won vun der Police ugehalen. Och hei war den Test positiv an de Permis war fort.

De selwechten Owend war dann och op der A4 op der Héischt vun der Ausfaart Kockelscheier e Motocyclist a Schlaangelinnen ënnerwee. Eng Police-Patrull konnt de Moto stoppen. D’Persoun, déi d’Gefier gefuer ass, hat och ze vill gedronk, sou dass de Fürerschäin agezu gouf.

An der Nuecht op e Mëttwoch gouf d’Police an der Rue du Commerce bei der Stater Gare dann eng weider Kéier op e Chauffeur opmierksam, deen e Schlaangelinnen ënnerwee war. De Chauffeur konnt direkt gestoppt ginn. Beim spéideren Test war d’Resultat positiv, och hei war de Chauffeur säi Permis lass.

Back to Top
CIM LOGO