Ettelbréck an DikrechAlkoholiséiert Persoune maache Radau a kommen an Arrest

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend huet eng alkoholiséiert Persoun an der Grand-Rue zu Ettelbréck den ëffentleche Raum gestéiert a Leit bei engem Café belästegt.

Eng Patrull vun der Police konnt de Mann op der Plaz untreffen an d’Beamten hunn him kloer gemaach, d’Belästegungen ze ënnerloossen, wat hien och ufanks direkt gemaach huet. Ma kuerz drop huet hien awer nees Clientë belästegt. Opgrond vu sengem alkoholiséierten Zoustand koum de Mann dunn an den Arrest.

Zu enger Kläpperei koum et dann e Méindeg den Owend spéit, dat an engem Café op der Héicht vun der Place de la Libération zu Dikrech. Wéi d’Police ukomm, konnten déi bedeelegt Persoune séier identifizéiert ginn. Ee vun de Männer gouf, wéi et heescht, engem anere géigeniwwer handgräiflech. D’Affer gouf op der Plaz nach behandelt. Well de Mann, deen zougeschloen huet, staark alkoholiséiert war, koum hien no enger medezinescher Consultatioun an Arrest. De Mann war heibäi extrem onkooperativ.

Back to Top
CIM LOGO