Permis fortAlkoholiséierte Chauffer an Accident op der A4 mat 4 aneren Autoe verwéckelt

RTL Lëtzebuerg
Um Donneschdeg um 20.35 Auer war et op der Escher Autobunn op der Héicht vu Steebrécken een Accident tëscht 5 Gefierer.

Éischten Informatiounen no hat ee Chauffer, deen ze vill gedronk hat, d’Kontroll iwwer säin Auto verluer a krut een zweet Gefier ze paken. Dëse Won ass widder d’Leitplank gestouss ginn an huet en zweeten Accident mat 3 weidere Gefierer verursaacht. Am Ganze koumen 3 Leit an e Kand fir d’Kontroll an d’Spidol.

Den Alkoholtest beim éischte Chauffer war positiv, de Permis gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO