A1 a Richtung DäitschlandAlkoholiséierte Chauffer bei Accident liicht blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Op der A1 a Richtung Däitschland op der Héicht vun der Sortie Sennengerbierg koum et e Mëttwoch de Mëtteg géint 15.20 Auer zu engem Accident.
© Police

Nodeems den Automobilist ënnert anerem e Schëld mat sengem Won erwëscht hat, ass en no knapp 50 Meter an der Wiss un d'Stoe komm. Opgrond vum Accident huet de Won ënnert anerem zwee Pneue verluer. De Chauffer, deen eleng am Auto souz, war alkoholiséiert a gouf liicht blesséiert.

© Police

Ronn 10 Minutte virdru gouf et och nach um CR141b zu Waasserbëlleg en Accident. E Camion huet an enger Rietskéier zwee Gefierer gesträift. Am zweete Won gouf eng Fra an hirem Auto ageklemmt. Si huet vun de Rettungsekippe missen befreit ginn a koum dono an d'Spidol. D'Fra schwieft awer net a Liewensgefor.

Back to Top
CIM LOGO